[kde-i18n-lb] LinuxDays & KDE op Letzebuergesch

Eric Dondelinger Eric.Dondelinger at linux.lu
Fri Dec 16 08:12:00 CET 2005


Moien,

Merci fir Aer rapid Aentfert!

On Thu, Dec 15, 2005 at 08:32:36PM +0100, kevin claude everard wrote:
> Eric Dondelinger wrote:
> >fir ze froen ob Interessi geng bestoen aeren
> >Projet op den LinuxDays 2006 (25. bis 27. Januar 2006, cf. Web
> >op http://www.linuxdays.lu/) ze presenteieren?
> > 
> Dat ass am Fong geholl eng gutt Iddi, mä eise Projet stëcht nach an de 
> Kannerschong. En ass also nach net genuch fortgeschratt, fir dass mer e 
> kéinten engem gréissere Public weisen, mir si jo mol nach a kengem 
> Release mat dran. Anerersäits wier esou een Optrëtt bei de Linux-Days 
> natierlech eng gutt Méiglechkeet, fir Reklamm fir eis ze maachen. 
> Haapsächlech stelle mir eis just d'Fro, wat mir de Leit kéinte weisen, 
> wa si eis un eisem Stand besiche géifen.

Ech hat un 2 Volet'en geduecht - engerseits wier dat hei vlaicht grad
eng Meigelechkeet, fir via en Stand weider Interessenten fir den Projet
ze fannen - heifir brauch een wuehl net vill schons um Laafen ze hun.
Ech kann mer ganz gudd virstellen, dass hei munnech Leit laanschtkeimen,
di bei esou eppes weilten matmaachen - grad och, wei ech am Howto gesin
hun, dass een hei net onbedengt vill technesch Virwessen muss hun (et
keint suguer eppes fir mein Schwoer sin, deen as Deitschproff an get
och Letzebuergesch, an ech krut en esou lues un Linux drun ;-)).
Di aaner Seit wier et per Presentatioun ze explizeieren, wei iwerhaapt
esou eng Iwersetzung funktioneiert - wei participeiert een als Laien,
ev. wei et um techneschen Niveau implementeiert get falls der do den
Duerchbleck hudd.
Natiirlech kann een hei och eng Motivatioun ugin firwaat een iwerhaapt
esou en Projet well duerchzeien, ob do aaner Moyen'en ewei rengen
Volontariat wellkomm wieren etc. (vu wegen Foerderung vu Letzebuergesch
wier et virstellbar dass een Ministère hei geng eng Hand upaaken, grad
ewei se dat bei denen groussen vun Redmont gemaach hun...).

Scheinen Dag,

Eric Dondelinger


More information about the kde-i18n-lb mailing list