[kde-i18n-lb] LinuxDays & KDE op Letzebuergesch

kevin claude everard kevin at math.uni-sb.de
Thu Dec 15 20:32:36 CET 2005


Eric Dondelinger wrote:

>Moien,
>
>entschellegt wann ech elei als Net-Ageschriwenen esou direkt op
>d'Mailinglescht eraplatzen,
>
Dat mëcht näischt. Dofir ass d'Mailinglëscht jo do.

>an natiirlech och wann meng
>letzebuergesch Schreifweis net perfekt as.
>
>  
>
Dat mëcht och näischt. Eis Schreifweis ass och nach net ouni Feeler.

>Ech wollt uklappen 
>
D'Dir ass op.

>fir ze froen ob Interessi geng bestoen aeren
>Projet op den LinuxDays 2006 (25. bis 27. Januar 2006, cf. Web
>op http://www.linuxdays.lu/) ze presenteieren?
>  
>
Dat ass am Fong geholl eng gutt Iddi, mä eise Projet stëcht nach an de 
Kannerschong. En ass also nach net genuch fortgeschratt, fir dass mer e 
kéinten engem gréissere Public weisen, mir si jo mol nach a kengem 
Release mat dran. Anerersäits wier esou een Optrëtt bei de Linux-Days 
natierlech eng gutt Méiglechkeet, fir Reklamm fir eis ze maachen. 
Haapsächlech stelle mir eis just d'Fro, wat mir de Leit kéinte weisen, 
wa si eis un eisem Stand besiche géifen.

>Scheinen Dag,
>  
>
merci gläichfalls,

Kevin




More information about the kde-i18n-lb mailing list