[kde-i18n-lb] Eis Internetsäit ass do!
kevin claude everard
kevin at math.uni-sb.de
Thu Dec 1 16:51:24 CET 2005
Moien dir léif KDE-Iwwersetzer,
KDE op Lëtzebuergesch kënnt sou lues un d'Rullen, eis Websäit as prett
fir an d'Internet!
Dir fannt hei all Neiegkeeten iwwert de Projet, eng Wierderlëscht, eng
Gebrauchsanweisung fir d'Iwwersetze vun Dateien a villes Méi.
Gitt eng Kéier laanscht kucken a sot äre Kolleegen, äre Frënn an ärer
Famill bescheed, fir dass mir sou schnell wéi méiglech vill
Mataarbechter kréien.
Verbesserungsvirschléi a konstruktiv Kritike sinn ëmmer wëllkomm,
schéckt einfach e Message un d'Lëscht.
Vill Spaass nach an... wéi den Nicolas Goutte géif soen: Have a nice Day!
kevin
More information about the kde-i18n-lb
mailing list